Futtball-Championnat: BGL LigueStroossen gewënnt 1:0 zu Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
Fir den Optakt vum 4. Spilldag koum et e Samschdeg den Owend zum Spëtzematch tëscht Nidderkuer a Stroossen.

Stroossen an Nidderkuer ware mat 9 Punkten aus 3 Matcher an d'Saison gestart an haten deemno d'Chance, fir sech mat enger Victoire e Samschdeg den Owend fir de Kont vum 4. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat un d'Tabellespëtzt ze setzen. Um Enn ass dat de Stroossener gegléckt.

Stroossen hat de bessere Start an de Match erwëscht an ass an den éischte Minutten duerch de Seye e puer Mol geféierlech virun de Gol komm, an der Suite huet d'Lokalekipp awer du besser dogéint gehalen. Béid Ekippe sinn am éischten Duerchgang just nach vereenzelt virun de Gol komm, an d'Ofschlëss waren op béide Säiten och net méi allze geféierlech.

Nom Säitewiessel kruten déi 987 Spectateuren dunn e puer méi Aktiounen an de Strofraim ze gesinn, mat de besseren Occasioune fir déi Stroossener. Knapp 20 Minutte viru Schluss koum de Ball un der Strofraumgrenz bei den Delorge, deen en direkt geholl huet a mat engem präzise Schoss d'Féierung fir d'Visiteure markéiere konnt. An der Schlussphas huet de Progrès dorop keng Äntwert méi fonnt, soudass Stroossen weider ouni Punktverloscht bleift an op d'mannst bis e Sonndeg Tabelleleader ass.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO