
An der 1. Bundesliga huet St. Pauli et e Sonndeg den Owend mat Freiburg ze di krut. Pauli huet eng gutt Ufankshase gespillt an huet sech an der 24. Minutt duerch e Gol vum Danel Sinani belount. No engem Eckball ass de Lëtzebuerger mat e bësse Chance un de Ball komm an huet de Ball aus kuerzer Distanz iwwert d'Linn konnten drécken. Et war dem Sinani säi 5. Gol an dëser Saison. Mat 5 Goler an 3 Virlagen ass hien Topscorer vu senger Ekipp. Fir dräi Punkte sollt et awer net duergoen. Freiburg konnt de Match an der zweeter Hallschent dréinen a gewënnt um Enn mat 2:1. Den Iwwerbléck iwwert Bundesliga sou wéi déi aner International Matcher vum Dag fannt dir hei.
Um Sonndeg huet an der 2. Bundesliga Magdeburg auswäerts mat 3:1 géint Münster gewonnen. De Lëtzebuerger Eldin Dzogovic ass net zum Asaz komm bei Magdeburg.
An der italieenescher Serie B stounge sech e Samschdeg am Spëtzenduell de Leader Venedeg an den Zweete Monza géigeniwwer. Um Enn ass et bei engem 1:1-Remis bliwwen, wouduerch Venedeg weiderhi mat engem Ecart vun dräi Punkten op der 1. Plaz stoe bleift. De Seid Korac ass dobäi vun der Bänk aus net an den Asaz komm.
Eng héich a gläichzäiteg och wichteg Victoire gouf et da fir de Grazer AK an den Ofstig-Playoffe vun der éisträichescher Bundesliga. D'Ekipp vu Graz konnt sech, mam Mathias Olesen an der Starteelef, trotz fréiem Réckstand nach kloer mat 5:1 géint de WSG Tirol duerchsetzen. Domat klëmmt een an der Tabell op déi 9. Plaz mat engem Ofstand vu sechs Punkten op d'Ofstigsplaz. Elo kann ee souguer op eng méiglech Plaz fir d'Qualifikatioun vun der UEFA Conference League kucken, vun där ee just ee Punkt fort ass.
Dräi Punkten huet sech e Samschdeg dann och de Luc Holtz mat Waldhof Mannheim geholl. Am Match géint Erzgebirge Aue louch een zur Paus nach mat 0:1 hannen, ma am zweeten Duerchgang konnt de Waldhof de Match nach duerch een decisive Gol an der 90. Minutt nach dréinen. De Vincent Thill gouf an der 56. Minutt ausgewiesselt.
Eng weider Victoire gouf et fir de Leandro Barreiro mat Benfica. D'Ekipp vu Lissabon konnt sech virun den eegene Spectateure mat 3:0 géint Vitoria Guimaraes duerchsetzen a bleift domat op d'mannst um Leader drun. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller stoung bis an déi 85. Minutt um Terrain.
Wann ee vu Victoirë schwätzt, gehéiert dës Saison natierlech och d'Ekipp vu Beveren dozou, déi scho fréizäiteg als ongeschloene Champion den Opstig an déi éischt Liga an der Belsch perfekt gemaach huet. Och um Samschdegowend konnt d'Ekipp vum Kapitän Laurent Jans mat 4:0 géint den RFC Liège wannen.