
Dobäi huet d'Ekipp vun Ell missten zu Dikrech untrieden. D'Pollastro hat d'Gäscht séier 2:0 a Féierung bruecht, ma e Selbstgol an der 37. Minutt respektiv d'Abreu konnten nach virun der Paus nees op 2:2 stellen. An de 50. Minutt huet d'Pollastro säin drëtte Gol fir Ell markéiert an esou fir de Schlussscore vun 3:2 gesuergt.
Déifferdeng konnt sech doheem kéint Kielen duerchsetzen an dobäi waren d'Gäscht schonn no 7 Minutten duerch d'Morvilli a Féierung gaangen. Ma fir den FCD konnten d'Sidney (41'), d'Soares (77') an d'Jaeger (90'+2) d'Partie nach dréinen an 3:1 gewannen.
Punkte gedeelt hu sech an enger ganz animéierter Partie Beetebuerg an Hesper. D'Gäscht waren no 22 Minutten a Féierung gaangen an hunn direkt nom Säitewiessel op 2:0 gestallt. Ma Beetebuerg huet sech net opginn an huet innerhalb vun 7 Minutten zwee Mol markéiert an ausgeglach. E weidere Gol fir Hesper ass an der 63. Minutt gefall. D'Heemekipp huet sech awer net opginn a konnt sech an der 97. Minutt vum Match mat engem Gol an domadder och engem Punkt belounen. 3:3 ass d'Partie ausgaangen.
Keng Goler gouf et dann tëscht der Entente Osten an der Entente Red Black - Red Star.
Dofir awer konnten d'Fans um Racing ganzer 9 Goler vun der eegener Ekipp feieren. Mamer hat géint de Stater Veräin keng Chance.