
Waldhof Mannheim ass beim Optakt fir déi nei Saison eng 2:1-Victoire géint de frëschen Ofsteiger Fortuna Düsseldorf gelongen. E Freideg den Owend war et de Vincent Thill, deen d'Lokalekipp am ausverkaafte Stadion zu Mannheim mat engem schéinen Distanzschoss a Féierung brénge konnt an domat den éischte Gol vun der neier Saison an den däitsche Profi-Lige geschoss huet. Op der Géigesäit war den 21 Joer ale Lëtzebuerger Miguel Goncalves, deen dëse Summer bei d'Fortuna gewiesselt ass, de ganze Match op der Bänk.
Ganz sou flott war den Optakt fir den Eldin Dzogovic mam 1. FC Magdeburg an der 2. Bundesliga net. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech e Samschdeg de Mëtteg misse mat 1:6 géint Eintracht Braunschweig geschloe ginn. Den 23 Joer ale Lëtzebuerger Defenseur ass dobäi vun der Bänk aus net an den Asaz komm.
E Samschdeg war dann och den Optakt vun der Ligue 2 a Frankräich, an där de Luc Holtz mat sengem FC Metz, deen dës Saison ofgestigen ass, doheem géint Guingamp ugetrueden ass. Duerch Goler vum Fall a Abuashvili konnt Metz aus engem 0:1 an 2:1 maachen an déi dräi Punkten doheem halen. De Lëtzebuerger Hamza Kadamani ass an der 65. Minutt agewiesselt ginn an huet sou mat just 16 Joer säi Profi-Debut gefeiert.