Real MadridWéini gëtt de José Mourinho als neien Trainer presentéiert?

Jeff Kettenmeyer
Benfica Lissabon huet matgedeelt, dass Real de Portugis fir 15 Millioune kafe géif an datt hien och säin Accord ginn hätt fir e Wiessel.
Gëtt de José Mourinho rëm Trainer bei Real Madrid?
© AFP (Archiv)

Et ass nawell eng lass bei Real Madrid. De spuenesche Rekordchampion huet offiziell matgedeelt, datt den Alvaro Arbeloa net méi Trainer ass. Déi Kinneklech hunn d‘Rumeur, déi zanter Wochen zirkuléiert, datt de José Mourinho säi Retour op der Trainerbänk wäert feieren, zwar nach net confirméiert. Benfica, de leschte Club vum portugisesche Coach, huet awer matgedeelt, datt Real Madrid hie fir 15 Millioune géif kafen an de Mourinho och säin Accord ginn hätt.

Benfica huet mam Marco Silva schonns een neien Trainer, dee fir zwee Joer bei der Ekipp, an där jo och de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro spillt, ënnerschriwwen.

Donieft huet Real Madrid offiziell matgedeelt, datt een Atletico Madrid eng Offer iwwer 150 Milliounen gemaach hätt fir den Julian Alvarez ze kafen. Dëst hätt Atletico awer net akzeptéiert an op déi festgeschriwwen Zomm am Kontrakt higewisen. Dës läit bei 500 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO