
Et ass eng englesch Woch am Lëtzebuerger Handball. E Mëttwoch an en Donneschdeg gëtt de 5. Spilldag ausgedroen, éier e Samschdeg zur gewinnter Zäit de 6. Spilldag ugepaff gëtt.
Am éischten Openeentreffe vun den Titelfavoritten huet sech den HB Diddeleng iwwerraschend däitlech, awer verdéngt 37:27 géint den amtéierende Champion Red Boys Déifferdeng gewonnen. Domat hunn d'Fiiss dat éischt Ausruffzeeche fir dës Saison gesat. Lescht Saison hate sech béid Ekippen dräi Mol mat engem Gläichspill getrennt.
Géint Enn vun der éischter Hallschent konnt sech den HBD an engem bis dohin enke Match ofsetzen (15:11) a goung mat enger 5-Goler-Avance an d'Kabinnen, well de Gäscht an de leschte Minutte just nach ee Gol geloung. Anescht wéi erwaart, konnt Diddeleng de Virsprong nom Säitewiessel fir d'éischt halen an duerno souguer ausbauen. Erëm hat Déifferdeng tëscht der 36. an der 45. Minutt eng Phas, wou si kee Gol markéiert hunn. Dat war den decisive Moment vum Match an Diddeleng huet sech déi komfortabel Avance net méi huele gelooss.
E weidert kloert Resultat huet den HC Bierchem geliwwert, dee sech mat 42:30 bei der Esperance Rëmeleng behaapt huet. Scho virun der Paus konnten d'Réiserbänner sech komfortabel ofsetzen (12:7 an der 22. Minutt) an uschléissend de Match no hirem Ermoosse geréieren. Déi maximal Avance louch bei 15 Goler.
Den drëtten däitleche Score huet den HB Esch géint den HB Käerjeng, d'Iwwerraschung vun den éischte Matcher, geliwwert. Fir Käerjeng war d'24:36-Néierlag beim Rekord-Coupegewënner déi zweet kloer Néierlag hannerteneen. Déi Gréng sinn no den Iwwerraschunge géint Bierchem an Déifferdeng wuel nees um Buedem vun den Tatsaachen ukomm.
Scho an der Paus war Esch mat 7 Goler vir, dorun hunn och déi 6 Goler vum Jacques Tironzelli näischt geännert. D'Lokalekipp huet de Flow mat an déi zweet Hallschent geholl a Käerjeng keng Chance gelooss, fir de Réckstand no ënnen ze korrigéieren. Um Enn gouf et souguer richteg däitlech.
En Donneschdeg steet tëschent dem Chev Dikrech an dem HC Standard nach e wichtege Match am Kampf ëm Plaz 6 um Programm. Béid Ekippe sinn nach ouni Punkt an dëser Saison.
________________________________________________
Nom Out am European Cup hunn d'Damme vum HB Diddeleng géint den HC Standard hire Frust erausgelooss a 47:22 gewonnen. Et war eng virgezu Partie vum 5. Spilldag. D'Sharon Dickes an d'Morgane Salvucci hu jeeweils 8 Goler fir den HBD markéiert, genee wéi d'Joanne Rodesch fir d'Gäscht.
Den HBD spillt e Samschdeg wuel nach eng Kéier, dann awer steet den Nodrosmatch vum 4. Spilldag géint Käerjeng um Programm.