
Op engem fir de Lëtzebuerger Handball ongewinnte Wochendag, engem Dënschdeg, gouf déi zweet Halleffinall tëscht dem HB Museldall an dem HB Käerjeng ausgedroen. De Miselerinnen ass et net gelongen, no der 20:25-Néierlag virun zwou Wochen d’Rudder nach eng Kéier ëmzerappen. An enger vun Ufank un eesäiteger Partie konnt sech Käerjeng um Enn mat 30:18 duerchsetzen a steet als éischte Finalist fest. De Géigner ass nach net bekannt, well Diddeleng leschte Samschdeg en drëtte Match géint Déifferdeng erzwongen hat.
Et huet een dem Museldall ugemierkt, dass mat der Fabienne Thiry an der Noemie Hoffmann zwou wichteg Spillerinne gefeelt hunn. Déi éischt dräi Ugrëffer blouwen ouni Succès a Käerjeng konnt direkt e grousst an decisiivt Lach maachen; no 9 Minutte stoung et 7:1 fir d’Gäscht. Den HBK-Trainer Dan Mauruschatt konnt am Ufank souguer seng Stammspillerinne Jenny Zuk a Lena Kirtz op der Bänk loossen.
No engem Timeout hunn d’Miselerinnen an der Defense méi haart ugepaakt, sou dass Käerjeng net méi zu sou villen einfache Goler koum. An der Attack koum d’Lokalekipp awer einfach net op Touren a blouf dacks un der gudder Käerjenger Defense hänken. Virun allem d’Féierungsspillerinne Fiona Carrara a Raïssa Dapina op Miseler Säit haten net hire beschten Dag erwëscht. Sou koume si ni méi wéi 4 Goler erun a Käerjeng goung mat enger komfortabeler Avance (15:9) an d’Kabinnen.
An den éischte fënnef Minutten no der Paus hat et ausgesinn, wéi wann d’Maacher Dammen nach eng Kéier zeréck an de Match komme kéinten, mee et sollt bei engem Stréifeier bleiwen. De Museldall hat de Réckstand nom Säitewiessel mat véier séiere Goler verkierzt (13:15), mee d’Gäscht krute sech no 7 Minutte gefaangen a konnten den ale Virsprong nees hierstellen. Vun deem Moment u war d’Loft bei de Miselerinnen eraus; hinne sollte bis zum Schluss just nach 5 Goler geléngen.
Käerjeng huet d’Spill gutt geréiert a konnt virun allem op d’Goler vun der Daria Milek zielen. Déi jonk Polin huet 10 Mol markéiert. An och d’Käerjenger Golkippesch Maewa Huberty huet de Museldall mat hire ville Paraden zum Verzweiwele bruecht. Um Enn fält d’Victoire mat 12 Goler e bëssen ze héich aus, mee Käerjeng steet verdéngt als éischt Ekipp an der Finall vum Damme-Championnat.
Am Final4, dee vum 23. bis de 26. Abrëll ausgedroe gëtt, kënnt et zoufällegerweis zu de selwechte Spillusetzunge wéi an den Halleffinallen am Championnat. Do ass ze hoffen, dass déi héich Néierlag dem Museldall keen ze grousse Knacks gi wäert.