
Um Samschdegowend ass den Häre-Championnat an de Retour vum Playoff gestart. Bei nach fënnef ausstoende Matcher huet Déifferdeng elo eng nach besser Ausgangslag, well et säi Match géint Käerjeng gewonnen an elo 5 Punkte Virsprong op Diddeleng huet. Den HBD huet géint Bierchem eng Néierlag kasséiert. Domat sinn d’Réiserbänner hirer Roll als Kinneksmécher eng éischt Kéier gerecht ginn a bleiwe weider theoreetesch am Titelrennen.
Bei den Dammen huet Diddeleng et besser gemaach a sech de leschten Ticket fir d’Finall ëm de Meeschtertitel geséchert. Géint Déifferdeng war et bis zum Schluss nees en enke Match.
Den Tabellenzweeten Diddeleng huet de ganze Match iwwer net zu sengem gewinnte Spill fonnt a goung mat 29:32 als Verléierer vum Terrain. Domat huet Bierchem seng lescht theoreetesch Chance op den Titel oprechterhalen.
Et war e gudde Start fir d’Gäscht aus dem Réiserbann, well si Diddeleng am Ugrëff de ganze Match iwwer net zu hirem Spill komme gelooss hunn an de Scott Meyers am Gol am Ufank vill Bäll gehalen huet. D’Ekipp vum Trainer Marko Stupar louch no 9 Minutte 7:2 vir an huet gewisen, dass ëmmer mat hir ze rechnen ass.
D’Bierchemer Avance huet sech bis an d'25. Minutt bei 4 Goler agependelt. Well Diddeleng net zu sengem gewinnte Kollektivspill koum, hu si sech mat villen Eenzelaktiounen, virun allem iwwer d’Etute-Bridder, am Spill gehalen. Et huet een dem Ojié Etute trotz sengen 8 Goler ugemierkt, dass hien no senger Blessur nach net ronn leeft. Géint Enn vun der éischter Hallschent si Bierchem an der Attack e puer technesch Feeler geschitt, woumat den HBD de Réckstand bis an d’Paus op ee Gol reduzéiere konnt (15:16).
Och nom Säitewiessel huet den HBD keng Léisunge géint déi staark Bierchemer Defense fonnt, mee och Bierchem ass elo méi dacks um agewiesselte Mathush Lallemang hänke bliwwen. An der 44. Minutt konnten d’Fiiss eng éischt Kéier zënter dem 1:0 a Féierung goen. D’Réiserbänner hu sech dovun awer net hänke gelooss an de Match blouf bis an d'58. Minutt spannend (29:30). Duerno konnt Bierchem mat zwee Goler de Sak zoumaachen.
Am Hibléck op d’Halleffinall en Donneschdeg bleift ofzewaarden, wéi grav den Olivier Goergen an de Josip Ilic sech blesséiert hunn.
D’Diddelenger Resultat wäert wuel mat vill Freed zu Déifferdeng zur Kenntnis geholl gi sinn. An der Uewerkuerer Sportshal huet d’Red Boys op alle Fall hir Hausaufgab méi wéi kloer erleedegt a Käerjeng mat 47:25 heemgeschéckt. Dobäi hunn déi Rout nach eppes fir d’Golverhältnis gemaach an eng weider Kéier hire Status als bescht Defense vun der Saison ënner Beweis gestallt. D’Victoire vu Käerjeng géint Esch ënnert dem Interimstrainer Dan Mauruschatt, dee bis Enn der Saison d’Hären an d’Dammen a Personalunioun coacht, war wuel éischter e Stréifeier.
Bis an d'18. Minutt louch de Käerjenger Réckstand bei 4 Goler, duerno huet Déifferdeng den Tempo eng Kéier ugezunn a vu villen einfache Käerjenger Feeler am Ugrëff profitéiert, a scho war den Ecart an der Paus bei 12 Goler (27:15). Am zweeten Duerchgang huet Déifferdeng den Tempo e bëssen erausgeholl an huet keen neien Héchstwäert u geworfe Goler an dëser Saison opgestallt. Dee bleift nach ëmmer bei Diddeleng (50:29 géint Rëmeleng).
Wéi op dem Instagram-Kanal vun “Handballconnect” ze liesen ass, hunn d’Red Boys den éischten Neizougang fir déi nächst Saison u Land gezunn. De Romain Peltier wiesselt anscheinend vum RTV Basel 1879, dem Schwäizer Véierelsfinallist vun dëser Saison, an d’Cité du Fer. De 24 Joer ale Fransous, gebierteg vun Nanzeg, wäert déi riets Band verstäerken. Zu Déifferdeng trëfft de Lénkshänner op seng fréier Coequipieren Ilian Goedert an Hakim Jarrar, déi Ufank der Saison 2025/26 bei d’Red Boys gewiesselt waren, nodeems Nancy Handball Faillite gaange war.
Am drëtte Match huet Esch um Enn kloer 31:25 géint de Standard gewonnen, mee an der éischter Hallschent war et en enke Match. Esch hat wuel laang de Lead, mee koum ni méi wéi 3 Goler ewech (6:3 no 9 Minutten an 12:9 no 27 Minutten). D’Gäscht konnten no enger gudder Véierelstonn ausgläichen (6:6) an hunn duerno net méi labber gelooss. An der Paus stoung et 13:11 fir d’Lokalekipp. De Standard huet e bessert Resultat an der Generalprouf fir déi éischt Participatioun un enger Halleffinall zënter 30 Joer an der zweeter Hallschent hiergeschenkt. Esch konnt sech séier mat 5-6 Goler ofsetzen, wat d’Virentscheedung war.
Déi nächst Woch pauséiert d’Lëtzebuerger Championnat, well mam Coupe-Final4 an der Coque den Highlight vun der Saison usteet. D’Halleffinalle vun den Häre ginn en Donneschdeg ausgedroen.
An der Relegatioun ka Rëmeleng esou gutt wéi fir déi nächst Saison an der AXA League plangen. D’Ekipp vum Trainer Yves Braconnier huet dem verletzungsgeploten HB Péiteng keng Chance gelooss a mat 48:33 gewonnen. Och Dikrech huet eng gutt Ausgangslag nom 37:15 géint Schëffleng. De gréisste Konkurrent vum Chev ass den HB Leideleng, dee sech schonn e Freideg mat 35:28 géint Miersch behaapt hat.
Tëscht dem HB Diddeleng an der Red Boys Déifferdeng koum et zum decisiven drëtte Match am neie Best-of-Three-Modus; eng Première am Lëtzebuerger Handball. Déifferdeng hat den éischte Match kloer gewonnen (36:18) an d’Diddelenger Fiiss konnten den zweete Match knapp fir sech entscheeden (21:20). Am drëtte Match hat den HBD d’Nues nees vir a setzt sech 26:24 duerch.
Dobäi hat de Match aus Déifferdenger Siicht net esou schlecht ugefaangen, no 10 Minutte louchen d’Gäscht 8:4 vir. Diddeleng huet sech awer net ofhänke gelooss a konnt de Score no 22 Minutten nees egaliséieren (11:11). De Match blouf och am Uschloss serréiert. Nom 15:15 an der Paus konnt sech bis an 48. Minutt keng Ekipp mat méi wéi engem Gol ofsetzen an d’Féierung ass hin an hier gewandert. An der 51. Minutt ass dem HBD duerch d’Joy Wirtz déi éischt 3-Goler-Féierung gelongen a kuerz drop louch d’Ekipp vum Trainer Mikel Mollitor souguer mat 4 Goler vir. Doropshin huet d’Déifferdengerin Sarah Kupke 3 Goler hannertenee markéiert an de Match gouf nach eng Kéier spannend, mee Diddeleng sollt d’Féierung iwwer d’Zäit bréngen. Och déi 9 Goler vun der Sarah Kupke sinn Déifferdeng net fir déi éischt Finall an der Veräinsgeschicht duergaangen.
An der Finall kënnt et domat op en Neits zur Konstellatioun Diddeleng géint den Titelverdeedeger HB Käerjeng, dee sech kloer géint de Museldall duerchgesat hat. D’Matcher vun der Finall ginn awer eréischt am Mee gespillt, well nächst Woch och bei den Dammen de grousse Rendez-vous vun der Saison usteet: de Final4. D’Halleffinalle sinn e Freideg.