
Den HC Bierchem ass am European Cup eng Ronn weider an huet MRK Sutjeska eliminéiert. Mam HB Esch ass dëse Weekend e weidere lëtzebuergesche Vertrieder am Asaz. D'Escher hunn hiren éischte vun zwee Matcher an Nordmazedonien gewonnen. Lëtzebuerg ass an der éischter Ronn mat dräi Ekippe vertrueden - genee wéi Éisträich, Griicheland, Israel an d'Tierkei -, am zweeten Tour kënnt nieft Bierchem a vläicht Esch nach de Champion Déifferdeng derbäi. Diddeleng ass schonn eraus.
No engem 31:30 virun enger Woch a Montenegro huet den HC Bierchem och de Réckmatch géint MRK Sutjeska fir sech entscheet. No 60 Minutte stoung et an der Krautemer Sportshal 34:31 fir d'Ekipp vum neien Trainer Martin Hummel.
Bierchem war am Allermatch an der entscheedender Phas roueg bliwwen a konnt mat engem Gol Virsprong heemfléien. Dobäi haten d'Golkipper manner Bäll ze pake kritt (11) wéi déi vu Sutjeska (17). Virun allem déi liicht Ballverloschter vun de Montenegriner an der Schlussphas waren de Réiserbänner zeguttkomm.
Am Réckmatch zu Krautem louchen déi Gréng-Wäiss an engem enke Match ni hannen. Man of the Match war den Neizougang Amer Karamehmedovic mat 10 Goler an enger Quot vun 100 Prozent. Dem lëtzebuergesche Vertrieder huet och vläicht an d'Kaarte gespillt, dass d'Saison a Montenegro nach net ugefaangen huet.
Den Ufank vum Match war serréiert, mee an der 25. Minutt konnt sech Bierchem eng éischt Kéier mat 5 Goler ofsetzen (13:8). Bis an d'Paus konnten d'Gäscht awer nach op 14:16 verkierzen. Nom Säitewiessel kruten d'Réiserbänner de Virsprong gutt geréiert, mee an der 45. Minutt gouf et nach eng Kéier spannend, wéi Sutjeska op ee Gol verkierze konnt (22:23). Spéitstens wéi den Oscar Wener 4 Minutte viru Schluss zum 30:26 getaff huet, war de Bierchemer d'Weiderkommen net méi ze huelen.
Um Wee an déi nächst Ronn ass och den HB Esch. Si konnten hiren éischte Match géint d'Nordmazedonier GRK Tikves 30:27 gewannen. Wéi fir den HB Diddeleng leschte Weekend steet elo fir d'Escher en Double Header - also zwee Matcher bannent zwee Deeg - um Programm. Mat GRK Ohrid an RK Alkaloid Skopje kommen déi zwee lescht Gewënner vum European Cup aus der nordmazeondescher Liga, wat d'Stäerkt vun dëser Liga ënnersträicht.
Nom schlechte Start (1:5 no 9 Minutten) konnten d'Escher bannent 2 Minutten ausgläichen (5:5 no 11 Minutten) an de Match war nei lancéiert. Bis an d'Paus konnt sech keng Ekipp decisiv ofsetzen a sou goung et mat 14:14 an d'Kabinnen. An der 35. Minutt huet d'Ekipp vum Trainer Rajko Milosevic d'Féierung iwwerholl a bis zum Schluss net méi ofginn. Hire maximale Virsprong louch e puermol wéi och um Enn bei 3 Goler.
E Sonndeg muss de lëtzebuergesche Coupegewënner géint de Sechste vun der leschter Saison noleeën, fir eng éischt Kéier zënter 2021/22 nees eng Ronn weiderzekommen. An dobäi hu si all Joer um European Cup deelgeholl.