Red Boys DéifferdengMichel Scheuren vu sengen Aufgaben als Dammentrainer entbonnen

Yannick Glod
De laangjäregen Handball-Trainer huet bannent kuerzer Zäit zwee Trainerposten opginn respektiv verluer. Wat zu dëser Decisioun gefouert huet, huet de Veräin net matgedeelt.
© Val Wagner

D'Red Boys Déifferdeng huet e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué matgedeelt, dass de Michel Scheuren "avec effet immédiat" vu sengen Aufgaben als Dammentrainer vum Veräin entbonne gouf. Wat zu dëser dach iwwerraschender Decisioun geféiert huet, gouf am Schreiwes net weider preziséiert. De Kommitee vun der Red Boys seet dem Scheuren fir seng Engagementer an deene leschte Jore Merci.

Den 61 Joer ale pensionéierte Kiné hat d'Damme-Sektioun viru 15 Joer fir d'éischt an de Jugendkategorien an duerno am Seniorsberäich opgebaut a bléckt op eng 50-järeg Memberschaft am Déifferdenger Veräin zeréck. An dëser Saison huet d'Dammenekipp eng zweet Kéier zënter hirem Bestoen d'Coupefinall erreecht a kann d'Spillzäit nees mat der drëtter Plaz ofschléissen. Dass d'Damme-Championnat esou spannend wéi scho laang net méi war, louch och un de staarke Leeschtunge vun der Red Boys Déifferdeng ënnert der Leedung vum Michel Scheuren.

No senger eegener Decisioun am Mäerz, de Posten als Nationaltrainer vun den Dammen opzeginn, huet de Michel Scheuren elo och säin zweet Engagement bannent kuerzer Zäit verluer.

Wéi RTL vum Michel Scheuren gewuer gouf, wär och hie vun der Decisioun vum Kommitee vun der Red Boys iwwerrascht ginn. Doropshin hätt hien d'Decisioun geholl, well hie jo fir déi nächst Saison net gehale gëtt, avec effet immédiat opzehalen. Et kann ee gespaant sinn, wéi de Kader vun de Red-Boys-Dammen déi nächst Saison wäert ausgesinn.

Back to Top
CIM LOGO