
Ënnert den 83 Verdächtege sinn och 28 professionell Spiller, een dovunner soll bei de US-Open matgespillt hunn. De kriminelle Reseau aus Armenien hätt Millioune gemaach mat Wetten op ofgeschwate Matcher. Et wiere Partië bei ITF Future an Challenger-Tournoie gewiescht.
Bei der Policeaktioun en Donneschdeg goufen ënnert anerem 11 Haiser duerchsicht an 42 Bankkonten agefruer.