Am Volleyball ass en Donneschdeg den Owend den Optakt vun den Halleffinallen an der Coupe. Den Ufank maachen d'Dammen.

AUDIO: Virschau Volleyball-Coupe / Reportage Jeff Kettenmeyer

Mat Walfer an Dikrech steet schonns direkt eng virgezunne Finall fir den Optakt op der Affiche.

Walfer an Dikrech dominéiere bis ewell de Championnat am Damme-Volleyball. D'Isabelle Frisch ass virun der Saison vu Mamer op Dikrech gewiesselt an hat déi lescht Joren net onbedéngt immens vill Gléck beim Tirage vun der Coupe. Ëmmer nees ass d'Lëtzebuergerin op schwéier Géigner gefall.

Am Championnat huet Walfer bis elo béid Partië géint Dikrech gewonnen. Beim Chev fillt ee sech an der Roll vum Aussesäiter awer wuel. Well Walfer déi 2 Partien dës Saison gewonnen huet, kann een dem Isabelle Frisch no scho soen, dass Walfer de Favorit ass. An der zweeter Partie war et awer enk, sou dass Dikrech net ze ënnerschätzen ass. Fir d'Isabelle Frisch kënnt et en Donneschdeg den Owend virun allem drop un, wéi ee wäert spillen.

Am zweete Match kritt Stengefort et mat Péiteng ze dinn. Bei deene Péitenger gëtt et den Ament Problemer mat der Unzuel u Spillerinnen. Wéinst Blessuren an de Studien op der Uni kënnen eng Partie vun de Spillerinnen net agesat ginn, dofir gouf ënnert anerem d'Patty Noesen gefrot, fir d'Volleyballschong nees vum Nol erofzehuelen. Fir d'Lëtzebuergerin war dat guer kee Problem, fir fir d'Coupe nees zeréck ze kommen.

No 3 Joer ouni regelméissegen Training war den Ufank awer net immens einfach. D'Patty Noesen hat mat Muskelkater ze kämpfen an och de Knéi an d'Been hunn e puer Problemer am Januar gemaach. Vun der Technik hir dierft et kee Problem ginn, problematesch dierft éischter d'Konditioun an d'Sprongkraaft ginn, sou d'Spillerin vu Péiteng.

Stengefort géint Péiteng ass en Donneschdeg den Owend um 20.30 Auer. Do virdru spillt da schonns um 18.30 Walfer géint Dikrech.

D'Häre sinn dann e Freideg un der Rei. Um 18.30 Auer spille Fenteng a Walfer géinteneen an um 20.30 Auer ass et nach d'Partie Bartreng géint Stroossen.