Um Donneschdeg goufe bei den Dammen d'Halleffinale vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball gespillt.

AUDIO: Resumé 1/2-Finallen Dammen/ Reportage Marc Burelbach

Déi éischt Halleffinale en Donneschdeg war schonn direkt eng virgezunne Finale. Géigeniwwer stoungen sech nämlech den Tabellenéischten am Championnat Walfer an den Tabellenzweeten Dikrech. An der Meeschterschaft leien nëmmen 2 Punkten tëschent deenen zwou Equippen.

D'Halleffinale sollt awer net esou enk ginn, wéi een dat villäicht nach virum Match geduecht hat. Walfer konnt sech nämlech kloer mat 3:0 géint Dikrech behaapten. Den éischte Saz hunn si sech mat 25:15 geséchert, deen duerno war e bësse méi enk, goung awer mat 25:22 nawell u Walfer. Am drëtte Saz war et du nees méi kloer, dëse goung mat 25:13 un de Vainqueur.

Domadder steet Walfer an der Finale vun der Coupe de Luxembourg.

An der 2. Halleffinale huet Stengefort géint Péiteng gespillt an do ass et och 3:0 ausgaangen.

An den éischten 2 Sätz huet Stengefort mat 25:19 a 25:18 Péiteng iwwer wäit Strecken dominéiert.

Am drëtte Saz ass et awer vill méi equilibréiert a spannend ginn. Um Enn stoung et awer 25:21 fir d'Damme vu Stengefort.

D'Finale um Samschdeg um 17 Auer heescht also Walfer-Stengefort.

RTL

D'Häre sinn dann e Freideg un der Rei. Um 18.30 Auer spille Fenteng a Walfer géinteneen an um 20.30 Auer ass et nach d'Partie Bartreng géint Stroossen. Och dës zwou Partië weise mir am Livestream op RTL.lu an iwwert d'App.