Stroossen a Fenteng bei den Hären an der Finale

© Screenshot
Um Freideg den Owend goufen am Volleyball d'Halleffinalle bei den Häre vun der Coupe de Luxembourg gespillt.
Den Titelverdeedeger Stroossen huet Bartreng keng Chance gelooss. Den éischte Saz konnte si mat 25:15 fir sech entscheeden. Deen duerno goung mat 25:14 un d'Equipe ronderëm de Ralf Lenz. Och am drëtte Saz ass et Bartreng net gelongen d'Partie nach eng Kéier ze dréinen. Si hunn einfach keng Léisung géint d'Spill vun de Stroossener fonnt, sou dass och dëse Saz kloer mat 25:18 un den Titelverdeedeger gaangen ass. Stroosse wënnt domadder 3:0 géint Bartreng a spillt e Samschdeg an der Finale géint Fenteng.
[widget type="sport/sportstreaming/20170210b"]
Déi haten sech an der éischter Halleffinale um Freideg den Owend géint Walfer behaapt. Et war tëschenduerch ëmmer nees eng enk Partie um Enn konnt de Favorit Fenteng sech den éischte Saz mat 25:21 sécheren, deen duerno mat 25:23 an den drëtte Saz goung mat 25:22 un den Tabellenéischten am Championnat.
[widget type="sport/sportstreaming/20170210a"]
Domadder gouf et a béide Partien eng Victoire fir de Favorit.
D'Finale bei den Häre gëtt e Samschdeg den Owend um 19.30 Auer gespillt.
En Donneschdeg hate sech bei den Damme Walfer a Stengefort fir d'Finale qualifizéiert. D'Partie gëtt e Samschdeg um 17 Auer gespillt.
D'Finale vun den Dammen an déi vun den Häre gëtt am Livestream op RTL.lu an op der App iwwerdroen.