Bei den Häre ka sech Fenteng a 4 Sätz behaapten. D'Walfer Dammen hu vun Ufank un de Match dominéiert a setze sech 3:0 géint Stengefort duerch.

Stroossen - Fenteng 1-3 (22-25; 13-25; 26-24; 15-25)

VIDEO: Volleyball: Coupe fir Fentenger Hären
Bei den Häre ka sech Fenteng a 4 Sätz behaapten.

D'Häre vu Fenteng haten direkt d'Heft an d'Hand geholl an hu mat exzellentem Volleyball déi éischt 2 Sätz fir sech entscheet, an engem schéinen drëtte Saz konnten d'Stroossener nach eng kéier verkierze mee dunn huet Fenteng iwwerzeegend de véierte Saz fir sech entscheet an dermadder den éischten Titel an der Veräinsgeschicht gewonnen.

AUDIO: ITW Ralf Lenz - Stroossen
AUDIO: ITW Jacques Feyder - Fenteng

Walfer - Stengefort 3-0 (25-13; 25-16; 25-7)

VIDEO: Volleyball: Coupe fir Walfer Dammen
D'Walfer Dammen hu vun Ufank un de Match dominéiert a setze sech 3:0 géint Stengefort duerch.

D'Walfer Dammen hunn vun Ufank un Gaass ginn an hate kéng Méi sech 3-0 géint Stengefort duerchzesetzen.

Dermadder kann sech Walfer fir 3. als Coupegewënner an de Palmarès androen.

RTL

© Franky Hippert

D'Matcher am Replay:

[widget type="sport/sportstreaming/20170211a"]

[widget type="sport/sportstreaming/20170211b"]