Lëtzebuerger Volleyballspiller am Ausland
Annalena Mach gewënnt, Kamil Rychlicki verléiert

© Roland Miny/Pressphoto
D'Annalena Mach feiert en Erfolleg an der éischter däitscher Bundesliga. De Kamil Rychlicki verléiert d'Finale an der belscher Coupe.
Den 1. VC Wiesbaden mam Annalena Mach gewënnt um Sonndeg de Mëtten mat 3:2 géint de Coupegewënner Stuttgart. D'Equipe aus der éischter däitscher Bundesliga steet elo op der 6. Plaz am Championnat.
De Kamil Rychlicki huet mat Maaseik um Sonndeg d'Coupefinale an der Belsch mat 3:0 géint Rooselare verluer.
Am meeschte gelies