Nathalie Braas als Passeure ëmgepoolt

D'Nathalie Braas (N.6) huet zesumme mat hire Co-Equipieren d'Coupe de Luxembourg am Volleyball gewonnen. / © RTL (Archiv)
Zesumme mat hirem Veräin huet déi jonk Volleyballspillerinn, déi eng schwéier Blessure hannert sech hat, d'Coupe de Luxembourg gewonnen.
Zejoert hat d'Nathalie Braas sech schwéier um Knéi blesséiert, d'Kräizbänner waren duerch! Déi 22 Joer al Lëtzebuerger Volleyball-Nationalspillerin huet an de leschte Méint e wäite Wee hannert sech. Eng vun deene beschten Ugräiferinnen am Land, gouf elo als Passeuse ëmgepoolt, an huet de Weekend op där Positioun mat hirem Veräin Walfer d'Coupe de Luxembourg gewonnen.
Aus der Nout eraus, eng Dugend gemaach, kann een do beim Nathalie Braas soen. No der Blessure ass d'Diskussioun opkomm, well am Kader e puer Passeuse feelen. Dono hunn d'Trainer d'Nathalie Braas ugeschwat an déi jonk Sportlerin war net ofgeneigt, well et manner Belaaschtung fir de Knéi bedeit.
Déi 22 Joer al Neo-Passeuse, déi mat 5 Joer bei der Residence mam Volleyball ugefaangen hat, huet jo elo hiren Trainer Serge Karier, ugeschwat. Et war op senger Iddi gewuess an hie gouf vun ville Leit hei am Land als "mätsch" erkläert, fir eng vun de beschten Ugräiferinnen als Passeuse ëmzefunktionéieren. Ma an Zesummenaarbecht mat der Spillerin an dem Nationaltrainer huet een eng Passeuse hikritt, un där een nach vill Spaass wäert hunn.
D'Famill Braas lieft jo de Volleyball. De Brudder Gilles ass och schonn zanter éiweg Passeur. Et kann ee roueg soen, datt hie wuel ee vun deene beschte Lëtzebuerger Passeure vun allen Zäiten ass. De grousse Brudder huet an de leschte Méint awer manner als Trainer missen hierhalen, dat meescht gouf mam Nationaltrainer a Veräinstrainer geschafft. Vum Brudder gouf et éischter e puer taktesch Erklärungen an Tipps.
Wann een d'Nathalie Braas e Samschdeg an der Coupefinale gesinn huet agéieren, hat een d'Impressioun, wéi wann d'Lëtzebuerger Nationalspillerin ni op enger anerer Positioun gespillt hätt, wéi an der Pass, sou hir Matspillerin Betty Hoffmann. Nieft der Pass huet sech d'Nathalie Braas och gutt an der Defense, beim Block, geschloen.
Am spéide Fréijoer gëtt et dann och interessant, fir d'Nathalie Braas, déi sech virstelle kann, bis un d'Enn vun hirer Carrière an der Pass ze spillen, bei de verschiddenen Optrëtter mat der Volleyball-Nationalequipe op där Positioun ze erliewen.