Am leschte Match vun der Gruppephase an der Volleyball Championsleague verléiert Maaseik mat 2-3 géint de Favorit Moskau.

De Lëtzebuerger Nationalspiller huet nees emol missten déi fir hien ongewinnte Plaz vum Opposite anhuelen. An awer sollt hien am éischte Saz Topscorer mat 6 Punkte sinn. Dat ass fir den Outsider Maaseik awer net duergaangen an d'Russen konnten den éischte Saz mat 25-22 gewannen.

Am zweete Saz huet Maaseik du gewisen, datt si och an der Kinneksklass kënne mathalen. Mat 25-18 setzen si sech duerch a gläichen an de Sätz aus.

Den drëtte Saz war extrem spannend bis zum Schluss. D'Russen hate 5 Sazbäll, ma um Enn konnte Rychlicki a Co. mat 30-28 gewannen.

Am véierte Saz waren d'Russe nees ganz staark an och den alles anescht wéi souveränen Arbitrage konnt si net vum 25-18 ofhalen. Domadder stoung et 2:2.

Den decisive fënnefte Saz war an der Ufanksphase vu ville Feeler op béide Säiten dominéiert a keng Equipe konnt sech richteg ofsetzen. Esou goufen d'Säite beim 8-7 fir Maaseik gewiesselt. Duerno koum de Favorit vu Moskau awer besser mat de villen Ënnerbriechungen aus a konnt sech dann och mat 15-12 behaapten.

Domat ass d'Aventure Championsleague fir de Kamil Rychlicki am Joer 2017 eriwwer.