De Lëtzebuerger fillt sech richteg wuel zu Maaseik

© pressphoto (Archiv)
Am belsche Volleyballchampionnat ass de Playoff schonn agelaut. Eng éischte Kéier steet och e Lëtzebuerger am Fokus vun deene beschten Equippen.
No der Defaite an der Finall vun der Coupe souwéi dem Out no der Haaptronn an der Championsleague steet fir de Kamil Rychlicki elo de Championnat un éischter Plaz.
Am leschte Summer huet sech de Kamil Rychlicki fir de belsche Club Noliko Maaseik decidéiert. An eisem Nopeschland eng absolut Spëtzenequippe mat jee 14 Victoiren an der Coupe an am Championnat. Donieft regelméisseg an der Championsleague ënnerwee. Wéi gesäit dann esou d' Liewen als Profi-Volleyballerspiller aus? Et hätt seng gutt a seng schlecht Säiten, esou den 20 Joer jonke Lëtzebuerger. Am Prinzip muss een sech et als Aarbecht virstellen. Moies fréi geet et fir de Kamil Rychlicki an d'Hal. Do gëtt dann un der Fitness geschafft an eventuell ass och nach eng Eenheet mam Ball ugesot. No der Mëttespaus gëtt nach eng Kéier 2-3 Stonne mam Bal trainéiert. Fir de Kamil Rychlicki ass dat dat, wat hien ëmmer wollt maachen. Flott ass et och vill ze Reesen an aner Top-Volleyballspiller kënne kennen ze léieren.
Nieft sengen Aufgaben um Terrain heescht et dann och de Veräin esou gutt wéi méiglech ze representéieren. Dozou Zielt d'Aufgaben als Profi-Sportler ze erfëllen an och e Virbild fir de Nowuess ze sinn.
An de leschte Jore waren d'Supporter vu Noliko Maaseik net grad mat Titele verwinnt ginn an da kënnt et och mol vir, datt een nom Match ausgepaff gëtt. Grad um mentale Plang ass de Kamil Rychlicki awer frou sech fir Maaseik decidéiert ze hunn. Duerch déi relativ kuerz Distanz zu Lëtzebuerg huet de Spiller esou d'Méiglechkeet och emol a méi schwierege Situatiounen op d'Ënnerstëtzung vu senger Famill zeréck ze gräifen.
Den Ausnahmeathlet ass net nëmmen um Terrain gär gesinn, mä och donieft. Hien ass esou eppes wéi de Publikumsliibling a gëtt dann och permanent vum Nowuess an anere Supporter fir Autogrammer ugehalen. Ma och den Argentinesche Starcoach Daniel Castellani ass vum Lëtzebuerger begeeschtert.
Nieft senger Disziplin a sengem Éiergäiz huet de Kamil Rychlicki sengem Coach no nach eng ganz entscheedend Qualitéit weider. Hien hätt eng gutt Koordinatioun a mat senger Kraaft an de Spréng, zielt hien zu de beschten op der Welt, sou de Castellani.
Ronn 2 Stonne brauch ee vu Lëtzebuerg aus bis op Maaseik an et rentéiert sech jiddefalls fir déi fantastesch Stëmmung am Lotto Dome matzëerliewen.