Am internationale Volleyball gouf et jeeweils eng Defaite fir den VC Wiesbaden a fir Noliko Maaseik.

Am Playoff an der héchster belscher Divisioun am Volleyball verléiert de Kamil Rychlicki mat sengem Veräin Maaseik de Spëtzematch mat 2:3 géint Roselaere. Maaseik bleift awer mat 2 Punkten Avance op der éischter Plaz an der Tabell.

An der éischter däitscher Bundesliga verléiert d’Annalena Mach mat hirem Veräin VC Wiesbaden déi éischte Partie am Modus "Best of 3" mat 2:3 zu Postdam.

Zu Lëtzebuerg huet bei den Dammen Péiteng mat 3:0 géint Amber/Lënster gewonnen.