Mat 3-1 (25-14; 27-25; 23-25; 25-23) kënnen déi Walfer Dammen déi 1. Finall géint Dikrech am Best of Three Modus fir sech entscheeden.

Am Hären Play Down konnte sech Dikkrecher mat 3-1 géint Esch duerchsetzen.

Um Samschdeg konnt sech de Champion Stroossen mat 3-2 géint Fenteng duerchsetzen.

De Champion ass besser an d'Partie komm. A konnt sech den éischte Saz mat 25: 21 sécheren. Déi zwee Sätz duerno ware fir Fenteng dat op 18 an 22. Et stoung deemno 2:1 fir Fenteng.

Stroossen huet dës Partie awer nach net opginn. Si sinn zeréck an de Match komm a konnten de 4. Saz op 18 wannen. Dat war den 2:2.

RTL

© Marc Burelbach

D'Entscheedung huet missen am 5. an decisive Saz falen. An do war et nees ganz enk um Enn hat awer de Champion Stroossen mat 15:13 d'Nues fier a wënnt domadder d'Partie mat 3:2 géint Fenteng.

RTL

© Marc Burelbach

RTL

© Marc Burelbach

Déi zweet Finale gëtt den 2. Abrëll um 19.30 Auer gespillt. D'Finale gëtt am Modus Best of Three gespillt. 

Bei den Dammen huet Mamer 3:1 géint Stengefort am Match ëm déi drëtte Plaz gewonnen.

Um Sonndeg gëtt déi éischt Finale tëscht Dikrech a Walfer gespillt.

Am Playdown huet Péiteng 0:3 géint d'Gym verluer an Amber-Lënster verléiert mam selwechte Resultat géint Stroossen.

Kamil Rychlicki wënnt mat Maaseik géint Antwerpen
Am Playoff an der héchster Divisioun am belsche Volleyballchampionnat gewënnt de Kamil Rychlicki mat sengem Veräin Maaseik mat 3:2 géint Antwerpen.