Zanter 2014 ass Wiesbaden der Annalena Mach hir 2. Heemecht.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Detlef Schönherr huet de Kontakt mam VCW hiergestallt, no hirer Première krut si eng Offer vum Veräin aus der däitscher Bundesliga. Eng vun de Konditioune fir dës Offer unzehuelen, war d'Viraussetzung fir nieft hirem Engagement beim VC Wiesbaden kënnen ze studéieren.

Déi 21 Joer al Biologi studentin kritt vun hirem Veräin ënnert anerem eng Wunneng zur Verfügung gestallt, wou si den Ament zesummen mat hirer Teamkomerodin Dora Grozer wunnt. Am Ufank war d'Ëmstellung grouss, ma mëttlerweil huet sech d'Annalena Mach un de Rhythmus mat zweemol Training den Dag gewinnt. Si ass an der Equipe honnertprozenteg akzeptéiert, just mat der aktueller Spillzäit kéint et e bëssi méi sinn.

Leschten Dënschden stoung fir d'Annelena Mach an hir Teamkomerodinnen den 2. Match vun de Véierelsfinallen am Titel Play-Off um Programm, déi nom System Best of 3 gespillt ginn. An der 1. Partie louch de VCW beim SC Potsdam mat 2:0 vir, ass schlussendlech awer nach no 5 Sätz als Verléierer vum Terrain gaangen. An der 2. Partie huet Wiesbaden virun iwwer 2.000 Spectateuren dunn awer en 3. an decisive Match erausgeschloen. An enger Superambiance gewënnt den VCW glat mat 3-0 a kann dann elo e Méinden zu Potsdam säin Ticket fir d'Halleffinalle pëtzen.

Och leschten Dënschden hat d'Annalena Mach nëmmen e kuerzen Optrëtt. Keng einfach Situatioun, wann een net zum Six de Base gehéiert, permanent musse prett fir säin Asaz, an dann wa méiglech direkt zu sengem Spill fannen.

Ma d'Annalena Mach ass nach jonk a léisst sech net sou séier decouragéieren. Si bereit keng Minutt de Wiessel an déi däitsch Bundesliga, a well datt dës Aventure mat der néideger Reussite weider geet.

Eng sympathesch Spëtzesportlerin, déi mat 2 Féiss um Buedem steet, an hir sportlech Situatioun beim VCW, och wann se den Ament net optimal ass, ganz einfach nëmme genéisst.