E Sonndeg de Mëtte war déi drëtt an decisiv Finale am Lëtzebuerger Dëschtennis Championnat tëscht dem DT Diddeleng an Ettelbréck.

Nodeems Diddeleng déi éischt Finale mat 5:2 géint Ettelbréck konnt wannen, waren et déi Ettelbrécker déi mat enger 5:3 Victoire leschte Samschdeg am Däich dës drëtt Finale erzwongen hunn. Dës Finale versprécht vill Spannung an héichklasseg Matcher, well béid Equippe immens no beienee leien. An den éischten zwou Finalle goufe vill Matcher am 5. Saz entscheet.

[widget type="sport/sportstreaming/20170521"]

An den éischten zwee Eenzel, déi gläichzäiteg gespillt goufen, huet den Cekic misse géint de Michely untrieden an den Olteanu krut et mam Fejer-Konnerth ze dinn. Béid Diddelenger konnten hiren éischte Saz gewannen. Och am zweete Saz war et en ähnlecht Bild. Den däitsche Fejer-Konnerth konnt och den zweete Saz géint den Olteanu wannen. Um aner Dësch war de Michely 10:4 vir, ma den Cekic konnt op 10:9 eru kommen, sou dass de Michely fréi een Time-Out geholl huet. Ma dësen huet Wierkung gewisen, well de Michely konnt den zweete Saz schlussendlech mat 14:12 fir sech entscheeden.

Déi zwee Ettelbrécker wollte sech awer net esou séier geschloe ginn a konnten alle béid op 2:1 verkierzen. De Fejer-Konnerth huet am 4. Saz d'Nerve behalen an dëse mat 11:8 gewonnen. Diddeleng ass domat 1:0 a Féierung gaangen. Ma de Michely konnt hei de Sack nach net zou maachen, dëst well den Cekic och de 4. Saz fir sech entscheede konnt. Ma am 5. Saz konnt de Michely sech duerchsetzen a bréngt Diddeleng domat mat 2:0 an Avantage.

RTL

De Fejer-Konnerth konnt um Sonndeg seng zwee Matcher gewannen. / © Lynn Kayser

Uschléissend krut den Eric Thillen et mam Mike Bast ze dinn an de Luka Mladenovic mam Christian Kill. De Luka Mladenovic hat leschte Samschdeg a 5 Sätz géint de Kill gewonnen. De Lëtzebuerger Champion konnt a Féierung goen, ma de Christian kill huet net noginn a staark dogéint gehalen. Um Enn war et dat nämmlecht Resultat ewéi leschte Samschdeg. De Mladenovic wënnt mat 3:2. Zu dësem Zäitpunkt, war den zweete Match nach net eriwwer. Dëse Match war och am 5. Saz. Hei konnt den Eric Thillen sech an enger ganz knapper Affär mat 14 op 12 behaapten an egaliséiert domat de Match.

RTL

De Luka Mladenovic konnt sech mat 3:2 géint de Christian Kill behaapten. / © Lynn Kayser

Déi nächst Matcher goufe gespillt. Hei huet den Olteanu dem Michely bei engem kloren 3:0 keng Chance gelooss. Domat stoung et 3:2 fir Ettelbréck, ma de Fejer-Konnerth huet a sengem zweeten Eenzel och dem Cekic keng Chance gelooss. Mat 3:3 ass et an déi lescht zwee Eenzel gaangen.

Déi zwee jonk Ettelbrécker Thillen a Mladenovic hu misse géint Kill respektiv Bast untrieden. Den Eric Thillen huet den éischte Saz mat 11:7 missen ofginn an och am zweeten Eenzel huet de Mladenovic ganz iwwerraschend den éischte Saz mat 13:11 géint de Mike Bast verluer. Ma den Thillen esou gutt wéi de Mladenovic konnten hiren zweete Saz gewannen. De Christian Kill konnt déi uschléissend zwee Sätz gewannen an huet Diddeleng domat a Féierung bruecht. Zu dësem Zäitpunkt ass de Match Bast géint Mladenovic an de 5. Saz gaangen. De Mladenovic war séier 8:1 vir, ma de Bast konnt op 8:6 verkierzen, ier de Mladenovic 11:7 gewanne konnt. Domat stoung et 4:4.

RTL

Den Eric Thillen hat keng Chance géint de Christian Kill. / © Lynn Kayser

D'Decisioun huet elo missen am Dubbel falen. Hei haten den Cekic an den Olteanu déi ondankbar Aufgab géint de Michely an de Fejer-Konnerth unzetrieden. Den Diddelenger Fejer-Konnerth ass ee ganz staarken Dubbelspiller. Den Däitsche war 2002 mam Timo Boll Europameeschter am Dubbel ginn. Hei haten déi Ettelbrécker keng Chance a verléiere mat 3:0 den Dubbel, sou dass Diddeleng sech de 5. Meeschtertitel noenee séchere kann.

RTL

Den entscheedenden Dubbel wannen de Michely an de Fejer-Konnerth kloer mat 3:0. / © Lynn Kayser

D'Resultater vun den eenzele Simplen am Detail:

Michely - Cekic 3:2 (11:6; 14:12; 13:15; 8:11; 11:6)
Fejer-Konnerth - Olteanu 3:1 (11:8; 11:6; 8:11; 11:7)
Kill - Mladenovic 2:3 (9:11; 11:6; 6:11; 11:8; 9:11)
Bast - Thillen 2:3 (12:10; 11:9; 7:11; 9:11; 12:14)
Michely - Olteanu 0:3 (7:11; 7:11; 8:11)
Fejer-Konnerth - Cekic 3:0 (11:6; 16:14; 11:6)
Kill - Thillen 3:1 (11:7; 9:11; 11:5 ; 11:8 )
Bast - Mladenovic 2:3 (12:10; 10:12; 9:11; 11:9; 7:11)
Michely/Fejer-Konnerth - Cekic/Olteanu 3:0 (11:6; 11:4; 11:4)

Dëst war da wuel och mol fir d'éischt déi lescht Chance op en Titel fir Ettelbréck, well d'Equipe sech aus der ieweschter Divisioun zeréck zitt.