Fenteng klappt Luerenzweiler kloer mat 3:0

Bartreng klappt Stroossen mat 3:1 an Walfer an Esch wannen 3:0
Bei den Hären wënnt um Freideg Esch mat 3:0 géint Dikrech. Um Samschdeg wënnt Walfer mat 3:0 géint Péiteng an de Champion Stroossen verléiert och hiren zweete Match vun der Saison mat 1:3 géint Bartreng. Um Sonndeg konnt Fenteng sech mat 3:0 géint Luerenzweiler, duerchsetzen, déi um éischte Spilldag mat 3:2 géint de Champion Stroossen gewonnen haten.
Resultater am Iwwerbléck:
Esch - Dikrech 3:0
Péiteng - Walfer 0:3
Stroossen - Bartreng 1:3
Fenteng - Luerenzweiler 3:0
LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck
Bei den Dammen klappt Dikrech d'Gym mat 3:0, Péiteng verléiert 0:3 géint Walfer a Stroossen klappt Mamer mat 3:0. Um Sonndeg war nach eng Partie, do konnt stengefort sech mat 3:0 zu Fenteng duerchsetzen.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck