Coupe am Handball: Véirelsfinallen
Käerjeng géint Esch a Museldall géint Diddeleng

E Samschdeg de Moie sinn am Handball d'Véirelsfinalle vun der Coupe ausgeloust ginn.
Bei den Häre ginn et 2 Spëtzematcher. Den Handball Esch spillt géint Käerjeng an déi Déifferdenger Red Boys musse géint Bierchem untrieden.
Donieft ass et den Duell HB Museldall géint den HB Diddeleng a Péiteng spillt géint Schëffleng.
Beim Dammentirage koume folgend Koppelen eraus:
De Standard spillt géint Schëffleng, Käerjeng géint déi Déifferdenger Red Boys, Den Handball Esch trëtt géint de CHEV Dikrech un an de Museldall empfänkt den HB Diddeleng.
D'Partie si fir de Weekend vum 15. bis de 17. Dezember programméiert.
Am meeschte gelies