Nodeems um Samschdeg d'Virauscheedunge waren, war um Sonndeg d'Finalronn vum nationale Kriterium am Dëschtennis.

D'Finalronn um Sonndeg huet missen ouni de Landesmeeschter Luka Mladenovic ausgedroe ginn. De Lëtzebuerger, deen zu Mainz spillt, hat um Samschdeg am Alberto Moro säi Meeschter fonnt. Um Sonndeg hunn dann och déi virqualifizéiert Spiller a Spillerinne mussen untrieden. Bei den Hären ewéi bei den Dammen ass fir d'éischt an 2 Gruppe mat all Kéiers 4 Leit gespillt ginn. Déi éischt zwee aus all Grupp hu sech fir d'Halleffinall qualifizéiert, den Drëtten an de Véierten hunn d'Placéierunge 5 bis 8 ënnert sech ausgemaach.

Hären

Am Grupp A bei den Häre war den Titelverdeedeger Eric Glod kloer favoriséiert. De Spiller dee seng Lizenz beim DT Wëntger huet ass dëser Favoritteroll och gerecht ginn. Ma einfach sollt et trotzdem net ginn, dat well mam Mirko Habel a mam Marc Dielissen direkt zwee ganz schwéier Géigner am Grupp A dobäi waren. Ma och de Bezwénger vum Luka Mladenovic, den Alberto Moro war an dësem Grupp mat vun der Partie. De Spiller vu Lëntgen konnt seng Form vum Samschdeg awer net halen. Den Eric Glod konnt d'Grupp fir sech entscheeden, dat virum Mirko Habel, géint deen hien eng dach kloer 4:0 Victoire feiere konnt. De Marc Dielissen kënnt trotz engem gudde Match géint den Eric Glod nëmmen op déi drëtte Plaz.

Am Grupp B war den Irfan Cekic, de Gewënner aus dem Joer 2015 de klore Favorit. Mat 3 Victoiren aus 3 Matcher konnt hie sech och als Éischten fir d'Halleffinall qualifizéieren. Ëm déi zweet Plaz sollt et awer méi enk ginn. Hei hunn den Olivier Joannes an de Wang Xu sech gestridden. Nodeems béid Spiller sech dem Irfan Cekic hu misse geschloe ginn, hu si an der leschter Partie ëm den Ticket fir d'Halleffinall gespillt. De bessere Start hat de Chines vum Houwald erwëscht. Hie louch 3:0 no Sätz vir, ma do huet d'Konzentratioun nogelooss. Uschléissend konnt de Joannes 3 Sätz fir sech entscheeden, esou dass et an den entscheedende 7. Saz gaangen ass. Hei konnt de Wang Xu sech behaapten a sech domat Plaz 2 am Grupp B sécheren virum Joannes an dem Kevin Kubica.

Den Olivier Joannes konnt sech duerch eng Victoire géint de Marc Dielissen déi 5. Plaz sécheren. Am Match ëm d'Plaze 7 an 8 konnt de Moro Alberto sech duerchsetze géint de Kevin Kubica.

RTL

© Yannick Zuidberg

An der éischter Halleffinall hat den Eric Glod et mam Wang Xu vum Houwald ze dinn. Déi éischt 4 Sätz huet den Titelverdeedeger sech schwéier gedoe géint de Wang Xu, dat well de Spiller vum Houwald ëmmer erëm mat flotte Schléi op sech opmierksam gemaach huet. Am 5. Saz huet de Glod dunn awer alles kloer gemaach, hie wënnt de Saz mat 11:4, fir de Match a 5 Sätz fir sech ze entscheeden.

Da gouf nach een Ticket fir d'Finall ausgespillt. Hei stounge sech den Irfan Cekic an de Mirko Habel géigeniwwer. Déi éischt zwee Sätz hu béid Spiller sech gedeelt, dëst ier de Mirko Habel sech 2 Sätz hannertenee séchere konnt fir mat 3:1 a Féierung ze goen. Nach huet de Spiller vum Houwald awer net opginn. Ee Saz konnt hien nach gewannen, ier den Habel op de 4:2 Endstand gestallt huet. Dëst war déi éischt Néierlag dës Saison fir den Irfan Cekic.

RTL

© Yannick Zuidberg

Déi drëtt Plaz hunn zwee Spiller vum Houwald ënnert sech ausgemaach. Hei war den Irfan Cekic ze staark fir de Wang Xu.

Et war eng héichklasseg Finall tëscht dem Eric Glod an dem Mirko Habel. Den éischte Saz goung ganz kloer un den Eric Glod, dat mat 11 zu 3. Nach huet de Spiller vu Bäerbuerg sech awer net opginn, den zweete Saz goung mat 11:9 un hien. Den Eric Glod war awer dee méi konstante a séchere Spiller an dëser Finall an esou konnt hie säin Titel erfollegräich verdeedegen. Hie wënnt d'Finall mat 4:1.

AUDIO: Extrait Eric Glod

Endresultat:

1. Eric Glod
2. Mirko Habel
3. Irfan Cekic
4. Wang Xu
5. Olivier Joannes
6. Marc Dielissen
7. Alberto Moro
8. Kevin Kubica

Dammen

Bei den Damme gouf et am Grupp A eng kleng Iwwerraschung. D'Titelverdeedegerin, déi op 1 gesat war, huet sech mat 2:4 dem Carole Hartmann misse geschloe ginn. D'Spillerin vun Iechternach huet aggressiv dogéint gehalen a sech esou géint d'Nationalspillerin duerchgesat. Géint d'Martine Simon an d'Shari Schaus goufen et nach zwou knapp Victoiren, ma um Enn steet d'Hartmann ganz uewen am Grupp A. D'Danielle Konsbruck konnt sech awer géint déi aner zwou Géignerinne behaapten, esou dass d'Spillerin vu Rued sech al 2. awer nach fir d'Halleffinalle qualifizéiere konnt.

D'Tessy Gonderinger, op Nummer 2 gesat, huet sech och schwéier gedoen. An der éischter Partie gouf et eng 4:3 Victoire géint d'Roberta Dragonu, dat nodeems hat 4 Matchbäll ofwiere konnt. Um Enn kënnt d'Gonderinger op Plaz 1 am Grupp B, dat virum Sarah Meyer, dat sech Plaz 2 nëmme ganz knapp virum Dragonu séchere konnt. D'Iwwerraschung vum Samschdeg, d'Ariel Barbosa konnt um Sonndeg net méi iwwerzeegen.

RTL

© Yannick Zuidberg

D'Roberta Dragonu konnt schonns ewéi um Samschdeg géint d'Martine Simon gewannen a kënnt esou op déi 5. Plaz. D'Shari Schaus séchert sech déi 7. Plaz virum Ariel Barbosa.

Domat koum et schonn an der Halleffinall zum Duell tëscht den zwou héchst gesate Spillerinnen. D'Tessy Gonderinger géint d'Teamkomerodin Danielle Konsbruck. Wann d'Konsbruck an der Gruppephas nach geschwächelt huet, esou huet si an der Halleffinall gewisen wat an em stécht. Kloer, mat 4:0 zitt d'Danielle Konsbruck an d'Finall an.

An der zweeter Halleffinall krut d'Carole Hartmann et mam Sarah Meyer ze dinn. Hei sollt et kee sou ee kloert Resultat gesinn, ewéi an där aner Halleffinall, ma um Enn wënnt d'Hartmann awer mat 4:2.

Déi drëtt Plaz geet un d'Tessy Gonderinger, dat sech géint d'Sarah Meyer konnt behaapten.

An der Finall war d'Carole Hartmann besser an de Match komm, ma d'Konsbruck huet sech eragekämpft an esou den éischte Saz knapps mat 12:10 gewonnen. Am zweete Saz ass et dunn ëmgedréint gaangen. D'Carole Hartmann, déi fréier Nationalspillerin konnt dem Danielle Konsbruck säin Tempo awer net iwwer de ganze Match matgoen an esou konnt och d'Konsbruck säin Titel verdeedegen.

AUDIO: Extrait Danielle Konsbruck

Endresultat:

1. Danielle Konsbruck
2. Carole Hartmann
3. Tessy Gonderinger
4. Sarah Meyer
5. Roberta Dragonu
6. Martine Simon
7. Shari Schaus
8. Ariel Barbosa