Am nationale Volleyball-Championnat bei den Hären waren et um Sonndeg nach zwou Partien ze spillen.

Bei den Häre wanne Stroossen a Luerenzweiler. Bei den Damme klappt Walfer Mamer a Stroossen hat keng Problemer géint d'Gym.

Hären

Stroossen - Esch 3:0 (25:22; 25:19; 25:21)

Den amtéierende Champion Stroossen ass wuel net esou an d'Saison gestart ewéi ee sech dat virgestallt hat. Um Samschdeg hat een et mat den Escher ze dinn. Hei huet d'Lokalequipe keng Schwächte gewisen an huet de Match relativ kloer mat 3:0 fir sech entscheet. Stroossen ass domat weider um Wee no uewen an der Tabell a fënnt lues awer sécher an d'Spuer.

Luerenzweiler - Péiteng 3:0 (25:17; 25:16; 25:21)

Den Tabellevéierte vu Luerenzweiler krut um Samschdeg Besuch vum Tabelleleschten, Péiteng. A Péiteng war och géint Luerenzweiler ze schwaach a verléiert um Enn kloer mat 0:3 géint Luerenzweiler, déi bis elo eng ganz uerdentlech Saison hannert sech hunn.

Fenteng - Dikrech  3:2

Fenteng bleift no der Victoire um Sonndeg weiderhin souverän un der Tabellespëzt. Si gewannen Doheem mat 3:2 géint Dikrech. De leschte Saz konnten déi Fentenger mat 15 op 9 fir sech entscheeden.

Bartreng - Walfer  3:1 (22:25 ; 25:15 ; 25:16 ; 25:23)

Nodeems Walfer den éischte Saz nach fir sech konnt entscheeden ass duerno net méi vill zesummengelaaf an si verléieren den zweeten an drëtte Saz däitlesch. Am 4. Saz hunn si rem an de Match fonnt mä et sollt net méi gelengen an de Säz auszegläichen.

Dammen

Mamer - Walfer 0:3 (15:25; 15:25; 18:25)

Den Tabelleleader vu Walfer war géint d'Equipe vu Mamer, déi op der zweetleschter Plaz am Championnat stinn, vu vir eraus de klore Favorit. Dëst hu si och ënner Beweis gestallt, mat 3:o wanne si ganz kloer géint d'Damme vu Mamer. Och an den eenzele Sätz hu si Mamer guer keng Chance gelooss an esou ass dat eng ganz kloer a verdéngte Victoire.

Stroossen - Gym 3:0 (25:14; 25:16; 25:16)

No den éischte 5 Spilldeeg stounge Stroossen an d'Gym punktgläich op de Plazen 3 a 4. Dëst sollt eng spannend an enk Partie verspriechen. Esou sollt et awer net kommen, dat well d'Damme vu Stroossen ee ganz gudden Dag erwëscht haten. Si gewannen d'Partie kloer mat 3:0 an hunn der Gym de ganz Match iwwer keng Chance gelooss an de Match ze kommen.

Um Sonndegowend klappt Dikrech Fenteng mat 3:0 a bleift soumadder punktgläich mat Walfer un der Spëtzt vun der Tabell. Am anere Match klappt Stengefort Péiteng mat 3:0.

Däitsch Bundesliga

An der Däitscher Bundesliga huet de Gilles Braas mat Düren 3:0 géint Wusterhausen gewonnen.
An an der Aachtelsfinall vun der däitscher Coupe gewënnt Wiesbaden mam Annalena Mach 3:0 bei Bad Laer. An der Véierelsfinall waart elo Suhl op d'Equipe vun der Lëtzebuerger Nationalspillerin.