Deziméiert Escher wannen 30:27 géint Bierchem

© RTL Radio Lëtzebuerg / Serge Olmo
Am Handballchampionnat war e Mëttwoch den Owend eng virgezunne Partie vum 8. Spilldag.
Den Handball Esch ass ugeschloen an d'Partie géint Bierchem gaangen. Bei den Escher hu 5 wichteg Leit gefeelt an zwar di 3 Nationalspiller Martin Muller, Tom Quintus a Max Kohl, wéi och de Mario Jelinic an de Goalkeeper Raijko Milosevic. Och wann dës Spiller gefeelt hunn, haten déi Escher keng Problemer fir Bierchem mat 30:27 ze bezwéngen.
No der Defaite vum leschte Weekend war et ganz wichteg di 2 Punkten ze kréien, virun allem mat deem aktuelle Verletzungspech, sou den Escher Sascha Marzadori.
De Rhythmus vun der Partie war héich. Di Escher ware vill méi effikass aus der Distanz an d'Defense stoung zolidd, sou dass si an der Paus verdéngt mat 17:12 a Féierung loungen. Dat sollt um Enn de Grondsteen fir d'Victoire sinn.
No 42 Minutte konnt Bierchem wuel de Réckstand op 3 Punkte verkierzen, mä d'Gäscht konnten do awer net weider maachen, sou dass Esch no 51 Minutte mat 28:20 a Féierung loung. Di Réiserbänner hu gekämpft an et ass hinne gelongen nach eng Kéier méi no erunzekommen an op 27:29 ze verkierzen. Den HB Esch huet sech d'Victoire awer net méi huele gelooss a gewënnt no 60 Minutte mat 30:27 géint Bierchem.
Mat dëser Victoire huet Esch den HB Diddeleng an der provisorescher Tabell iwwerholl a steet elo op der 1. Plaz.
De beschte Marqueur vum Owend war den Alex Vasilakis vun Esch mat 10 Goaler.