Luerenzweiler wënnt 3:2 zu Esch

De Weekend ass et de 7. Spilldag am Volleyball-Championnat.
E Samschdeg konnt sech Luerenzweiler zu Esch mat 3:2 behaapten. Déi éischt 2 Sätz hat een op 23 an 19 missen ofginn. Duerno hunn déi Luerenzweiler awer de Match an d'Hand geholl an d'Sätz 3, 4 a 5 op 17, 16 an 10 fir sech entscheed.
Vun der zweeter Partie tëscht Péiteng a Bartreng loung e Samschdeg den Owend nach kee Resultat vir. E Sonndeg spillt nach Walfer géint Dikrech a Fenteng huet Stroossen op Besuch.
Link: Alleguer d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck
Bei den Dammen huet sech d'Gym géint Stengefort ganz wichteg Punkten an der Course ëm eng Plaz am Playoff geséchert. D'Lokalequipe gewënnt um Enn kloer 3:0 (25:20, 25:23 an 25:23) an huet elo als 4. 12 Punkten um Konto. Stengefort bleift mat 9 Punkten op der 5. Plaz.
Péiteng klappt Mamer mat 3:0 (25:20, 25:11, 25:22). E Sonndeg spillen nach Fenteng a Stroosse géinteneen a Walfer kritt et mat Dikrech ze dinn.
Link: Alleguer d'Matcher vun den Dammen am Iwwerbléck
Da waren och nees Lëtzebuerger am Ausland am Asaz. Hei fann dir den Iwwerbléck:
RTL-NEWS: Lëtzebuerger Volleyball- a Basketballspiller am Ausland