Um Sonndeg waren nach zwou Partien am nationale Volleyball-Championnat bei den Hären, esouwuel ewéi bei den Dammen.

Bei den Hären ass Fenteng weider souverän. Dikrech léisst Näischt ubrenne bei der 3:0 Victoire géint Walfer. Bei den Damme wënnt Walfer an ass elo eleng un der Spëtzt. D'Stroossener Dammen ouni Problem géint den Tabelleleschten.

Hären

Walfer - Dikrech 0:3 (19:25; 17:25; 25:27)

Walfer hat et um Sonndeg mat Dikrech ze dinn. Béid Equippe stounge schonns virun der Partie relativ ënnen an der Tabell an Dikrech konnt sech hei iwwerraschend kloer mat 3:;0 géint Walfer behaapten an iwwerhëlt Walfer domadder och an der Tabell.

Walfer steet elo mat 7 Punkten op der zweetleschter Plaz mat 7 Punkten. Eng Plaz besser klasséiert ass d'Equipe vun Dikrech, déi 8 Punkten um Kont stoen huet.

Fenteng - Stroossen 3:1 (36:38; 25:21; 25:15; 26:24)

Et war ee ganz laangen a ganz spannenden éischte Saz tëscht dem Tabelleleader an dem amtéierende Champion, dee mat 38 op 36 un de Champion Stroossen gaangen ass.

Fenteng huet sech dovunner awer net beandrockt gewisen an huet déi zwee uschléissend Sätz relativ kloer an dominant mat 25:21, respektiv 25:15 gewonnen.

Stroossen louch zum Ufank vum 4. Saz séier mat 4 Punkten am Réckstand. Ma si hu sech net opginn an hate beim Stand vun 24 op 22 esouguer zwee Sazbäll fir ee 5. an decisive Saz ze erzwéngen, ma Fenteng konnt deen Ament 4 Punkten hannertenee maache fir dës Partie mat 3:1 ze gewannen.

Fenteng huet domadder elo 4 Punkten Avance op den Zweete Bartreng a Stroossen verléiert déi drëtt Plaz u Luerenzweiler, déi schonns um Samschdeg géint Esch gewanne konnten.

Dammen

Fenteng - Stroossen 0:3 (9:25; 19:25; 21:25)

D'Stroossener Damme waren op Besuch beim Tabelleleschte vu Fenteng. D'Equipe vu Stroossen hat iwwer déi dräi Sätz guer keng Problemer fir sech géint d'Damme vu Fenteng duerchzesetzen.

Stroossen hält domat den Uschloss un d'Tabellespëtzt.

Walfer - Dikrech 3:1 (19:25; 25:19; 25:13; 25:12)

Et war de Spëtzematch vum 7. Spilldag bei den Dammen. Virun der Partie stounge Walfer an Dikrech punktgläich un der Tabellespëtzt. Béid Equippen haten no 6 Matcher 18 Punkten um Konto a béid Equippen haten nëmmen een eenzege Saz verluer an deene 6 Matcher.

Dikrech konnt sech ee knappen éischte Saz mat 25 op 19 sécheren. Walfer ass dunn awer besser an deen zweete Saz komm a dëse mat 25 op 19 gewannen.

Dat huet de Walfer Damme wuel Confiance ginn, well uschléissend kruten d'Dikrecher Damme kaum nach ee Fouss op de Buedem. Am drëtte Saz konnt een nëmmen 13 Punkte maachen.

Mat der 2:1 Féierung an de Sätz am Réck ass Walfer mat breeder Broscht an de véierte Saz gaangen. Hei konnt si sech séier een Avantage vun 10 zu 2 erausspillen. Um Enn wënnt Walfer de Saz mat 25 op 12 an domat och de Match. domat sti si elo eleng un der Tabellespëtzt.