Zwou Partien bei den Hären an zwou bei den Dammen goufen um Samschdeg um 8. Spilldag gespillt.

Hären

Bei den Hären sëtzt sech Stroossen mat 3:1 (25:17, 25:22, 22:25, 25:18) géint Luerenzweiler duerch. De Champion Stroossen huet elo zwee Punkten Avance op Luerenzweiler an ass elo drëtten an der Tabell.
Am zweete Match gewënnt Esch doheem mat 3:0 (25:19, 25:18, 25:23) géint Bartreng déi an der Tabell op der zweeter Tabell stin.

Dammen

Um éischte Match vum Dag bei den Dammen ka sech den Gym däitlech mat 3:0 (25:17, 25:15, 25:14) géint Mamer gewannen. Am Match vun 20:00 Auer ka sech Stroossen och däitlech mat 3:0 (25:21, 25:18, 25:16) géint Stengefort duerchsetzen.

Um Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.