Am Volleyball goufen um Samschdeg e puer Matcher vum 10te Spilldag gespillt.

Hären

Bei den Hären stoungen um Samschdeg 3 Partien um Programm. Am éischte Match vum Dag gewënnt Stroossen däitlech mat 3:0 (25:21, 26:24, 25:16) géint Dikrech.
An zwee spannende Matcher kënne sech Luerenzweiler an Esch duerchsetzen. Luerenzweiler gewënnt mat 3:2 (28:30, 25:23, 31:33, 25:22, 15:9) géint Bartreng an Esch kann och mat 3:2 (25:18, 25:27, 27:25, 22:25, 17:15) géint Walfer gewannen.

Dammen

Bei den Dammen gouf et och zwou däitlech Victoiren. Den Gym verléiert doheem mat 0:3 (18:25, 21:25, 15:25) géint Walfer a Stengefort gewënnt och mat 3:0 (25:21, 25:20, 25:15) géint Mamer. Am Géigesaz zu deenen zwee däitleche Matcher huet Dikrech an engem enke Match just mat 3:2 (24:26, 25:18, 23:25, 25:16, 15:7) géint Stroossen gewonnen.

VIDEO: Volleyball: Luerenzweiler-Bartreng 3:2
Et war e ganz enken, ganz spannende Match um Samschdeg.