An der éischter Partie vum 11. Spilldag am nationale Volleyball, wënnt Stroossen 3:0 géint Péiteng. Och Luerenzweiler kritt géint Walfer och dräi Punkten.

Mat Ausnam vum éischte Saz, dee Stroossen knapp mat 28 op 26 wënnt, hate si keng Problemer dëse Match ze geréieren. Déi aner zwee Sätz wënnt Stroossen mat 25:16 an 25:15. Luerenzweiler wënnt sengersäits 3:1 géint Walfer. Bartreng klappt Dikrech kloer mat 3:0.

Bei den Damme verléiert Mamer Doheem 1:3 géint Dikrech, Walfer klappt Stengefort mat 3:0 a Stroossen klappt Péiteng mat 3:1. D'Gym geet iwwerdeems 3:0 op Fenténg wannen.