Bartreng klappt Stroossen a Fenteng wënnt géint Péiteng

E Mëttwoch den Owend gouf eng Partie vum 9. a vum 10. Spilldag am Volleyballchampionnat nogeholl.De Kamil Rychlicki war nach mat Noliko Maaseik am Asaz.
An der Nodrospartie vum 9. Spilldag huet Bartreng sech mat 3:1 (25:21, 19:25, 25:22, 25:21) géint Stroossen behaapt.
Donieft stoung e Mëttwoch den Owend nach eng Partie vum 10. Spilldag um Programm. Fenteng huet sech hei mat 3:0 (25:18, 25:12, 25:16) géint Péiteng duerchgesat.
An der Tabell sti Fenteng a Bartreng mat jee 26 Punkten un der Spëtzt. Stroossen sinn déi Drëtt mat 24 Punkten. Fenteng huet nach ee Match manner.
Link: Alleguer d'Matcher an d'Resultater am Iwwerbléck
Fir de Kamil Rychlicki gouf et um 3. Spilldag mat Maaseik an der Champions League auswäerts eng 0:3-Defaite (22:25, 20:25, 18:25) géint Kedzierzyn-Kozle.
Am éischte Match vun der Gruppephas hat Maaseik mat 1:3 géint Trentino Diatec aus Italien verluer an an der zweeter Partie konnte si mat 3:2 géint Arkas Izmir aus der Tierkei gewannen. E Mëttwoch war de Géigner elo den Tabellenéischten Zaksa Kedzierzyn-Kozle aus Polen.