Um 13. Spilldag bei den Hären wënnt Stroossen 3-1 géint Esch, Luerenzweiler klappt Péiteng 3-0 a Bartreng spillt 3-1 géint Walfer.

An der Tabell läit Bartreng un der Tabellespëtzt, dat mat 2 Punkten Avance op Stroossen déi e Match manner gespillt hunn.

Um 13. Spilldag bei den Dammen huet Péiteng 3-0 géint Stengefort gewonnen, d'Gym wënnt 3-1 géint Stroossen an den Tabellenéischten Walfer klappt Mamer mat 3-0. Walfer bleift domat weiderhin ongeschloen.

Walfer huet an der Tabell 7 Punkten Avance op Dikrech a schon 14 Punkten op Stroossen.