Diddeleng feiert 6. Championstitel
Diddeleng konnt sech an der 3. an entscheedener Finall ganz knapp mat 5:4 géint Houwald behaapten a feiert domat den Doublé.
An enger enker a ganz spannender Partie hat schonn alles op eng däitlech Victoire vun Diddeleng higedeit. Diddeleng konnt direkt duerch de Gilles Michely, de Zoltan Fejer-Konnerth an de Christian Kill mat 3:0 a Féierung goen.
Houwald wollt sech awer net esou schnell geschloen ginn a konnt duerch de Xu Wang an den Irfan Cekic op 2:3 verkierzen. Am 6. Jeu hat sech den Zoltan Fejer-Konnerth géint den Ademir Balaban behaapt an Diddeleng mat 4:2 a Féierung bruecht. Am 7. an am 8. Match hat Diddeleng also zweemol de Matchball, konnt awer net dovun profitéieren. Houwald konnt duerch de Marc Dielissen an de Xu Wang ausgläichen.
Am 9. an decisive Saz hunn sech de Fejer-Konnerth a Michely dunn awer am Dubbel ganz knapp mat 3:2 behaapt an domat de Match fir Diddeleng entscheed. Diddeleng huet soumat den Titel aus dem Virjoer verdeedegt a feiert nieft dem Doublé och de 6. Championstitel an der Veräinsgeschicht.
Déi éischte Finall konnt Diddeleng mat 5:0 géint Houwald fir sech entscheeden. Déi zweet Finall huet Houwald géint Diddeleng an engem Krimi mat 4:5 gewonnen.