10 Joer ass mëttlerweil hier, dass Denitza Krivova mat nëmmen 18 Joer bei engem Autosaccident tragesch em d'Liewe komm ass.

D'Volleyball Nationalspillerin war e grousst Talent an huet zu dem Zäitpunkt zu Terville an Frankräich gespillt.
Dem Deni säi Papp Ranguel Krivov organiséiert zanter 2008 all Joers eng Trophée fir seng verstuerwen Duechter an invitéiert déi zwou Equippen, déi dem Deni am meeschten um Häerzen louchen. Den Tom Flammang war bei der 10ter Editioun vun Frëndschaftsmatch zwëschen der Nationalequippe an de Profie vun Terrville dobäi.