An der drëtter Finall huet sech Maaseik eng weider Kéier géint Roulers behaapt an domadder d'Best-of-Five-Serie fir sech decidéiert.

De Kamil Rychlicki wäert déi nächst Saison net méi bei Maaseik spillen, wou d'Rees vum Lëtzebuerger Nationalspiller higeet, steet awer nach net fest. E Samschdeg den Owend huet hie sech elo emol nach säi lescht Zil zu Maaseik erfëllt, nämlech de Championstitel ze gewannen.

Kamil Rychlicki eng leschte Kéier mat Maaseik Champion
An der drëtter Finall huet sech Maaseik eng weider Kéier géint Roulers behaapt an domadder d'Best-of-Five-Serie fir sech decidéiert.

An der drëtter Finall vum Championnat huet Maaseik Roulers op en Neits keng Chance gelooss an um Enn mat 3:0 gewonnen. Den éischte Saz hat ee sech mat 25:23 geséchert, deen zweete mat 25:18 an deen drëtte mat 25:22. De Kamil Rychlicki huet de Matchball verwandelt.

D'Best-of-Five-Serie an der Finall geet um Enn mat 3:0 u Maaseik.