Dëschtennis: Ekippe-WM
Lëtzebuerger Damme wannen 3:1 géint Brasilien

© Val Wagner
Op der Ekippe-Weltmeeschterschaft am Dëschtennis zu Halmstad a Schweden gouf et an der ieweschter Divisioun déi 1. Victoire fir déi Lëtzebuerger Dammen.
D'Sarah de Nutte a Co. wannen 3:1 géint Brasilien. Virdru goufen et zwou Defaiten, an zwar 0:3 géint Südkorea an 2:3 géint Thailand, d'Nummer 16 op der Welt.
An der zweeter Divisioun hunn d'FLTT-Häre sech 1:3 géint de Kasachstan an 0:3 géint Spuenien misse geschloen ginn.
Am meeschte gelies