Lëtzebuerger Damme wanne sensationell géint Hongkong

© Val Wagner
Lëtzebuerg huet sech mat 3:2 géint d'Nummer 4 op der Welt duerchgesat. D'Punkte fir Lëtzebuerg hunn d'Ni Xia Lian an d'Danielle Konsbruck gemaach.
D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet sech op der Dëschtennis-Ekippe-WM zu Halmstad a Schweden en Dënschdeg den Owend sensationell mat 3:2 géint Hongkong behaapt. Hongkong ass bei der WM op Plaz 4 gesat a steet am Welt-Team-Ranking och op der 4. Plaz.
D'Ni Xia Lian huet zwou Partië fir sech decidéiert an den drëtte Punkt huet d'Danielle Konsbruck realiséiert, dat nodeems si scho mat 0:1 am Réckstand loung.
PDF: Schreiwes vun der FLTT mat den Detailer vun der Partie géint Hongkong
En Dënschdeg de Moien haten d'Lëtzebuerger Damme mat 0:3 géint Däitschland verluer, dat obwuel et een Duell op Aenhéicht war.
D'Ni Xia Lian (WR-51) hat hir Partie géint d'Solja Petrissa (WR-59) mat 1:3 verluer. An der zweeter Partie war d'Sarah de Nutte gefuerdert (WR-61). Si huet sech knapp mat 2:3 géint d'Sabine Winter (WR-57) misse geschloe ginn. An der drëtter Partie war et um Danielle Konsbruck (WR-296). Och hei gouf et eng 2:3-Defaite géint d'Nina Mittelham (WR-72).
Schreiwes vun der FLTT mat all den Detailer
Lëtzebuerg steet no Victoirë géint Brasilien an Hongkong um Enn am Grupp D vun der Championships Divisioun op der 5. Plaz, dat punktgläich mat Thailand. Südkorea huet d'Grupp virun Hongkong an Däitschland gewonnen. Fir d'Lëtzebuergerinne geet et elo ëm d'Plazen 13-24.
D'Lëtzebuerger Hären hunn um Dënschdeg an der zweeter Divisioun am Grupp H géint Puerto Rico mat 3:2 gewonnen. D'Punkte fir de Grand-Duché hunn den Eric Glod, de Gilles Michely an de Luka Mladenovic gemaach. Fir d'Lëtzebuerger ass et déi éischte Victoire. E Mëttwoch geet et weider géint d'USA.