No der 3-2 Victoire géint Puerto Rico, gouf et fir d’Hären-Dëschtennis-Nationalequipe 2 Defaite fir den Ofschloss vun der Gruppephase op der WM a Schweden.

Géint d’USA an och géint den Iran gouf et 2 mol en 0-3 aus Lëtzebuerger Siicht.

D’Lëtzebuerger Damme spillen um Mëttwoch de Mëtteg vun 1 Auer un an der Championship Divisioun ëm d’Plazen 13 bis 24, an dat géint Indien.