Aus Däitschland kënnt de Colin Heow, deen net nëmmen als Spiller ma och als Trainer engagéiert gouf. Den Diego Stordeur dogéint verléisst de Club.

Den Heow deen aus der Däitscher Oberliga vu Simmern kënnt an den A-Trainerschäin huet soll och d’Jugendspiller vum Klub viru brengen.

No 3 Saisone verléisst de Spiller Diego Stordeur Hueschtert-Foulscht.