En Dënschdeg huet d'Lëtzebuerger Dammen-Dëschtennis-Nationalekipp am Kader vun der EM-Qualifikatioun mat 3:0 géint den Aserbaidschan gewonnen.

Fir d'Lëtzebuerger Dammen, déi en Dënschdeg zu Baku 3:0 gewonnen hunn, war et déi zweete Partie an der lafender Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaften. Den éischte Match hate si zu Munneref mat 1:3 géint Däitschland verluer. D'Sarah de Nutte, d'Ni Xia Lian an d'Danielle Konsbruck hate géint den Aserbaidschan awer kaum Problemer. D'Lëtzebuerger Dammen hunn an den 3 Eenzel nëmmen ee Saz verluer.