D'Lëtzebuerger Dëschtennishären hunn en Dënschdeg am Kader vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun mat 0:3 géint Russland verluer.

Virdru gouf et schonn eng Néierlag géint d'Griichen. Domadder kommen d'Hären mat der leschter Plaz an hirem Grupp zréck.

D'Dammen hunn hirersäits zu Baku 3-0 géint den  Aserbaidschan gewonnen. Duerch dës Victoire konnte sech d'Lëtzebuergerinnen déi zweete Plaz an hirem Qualifikatiounsgrupp hanner Däitschland sécheren.