Zu Jette an der Belsch gouf um Sonndeg e Paralympic-Dëschtennistournoi mat Lëtzebuerger Bedeelegung gespillt. De Jeannot Dostert gouf de gudden Zweeten.

Gewonne gouf den Tournoi vum Belsch Arnaud Duquesne, virum Jeannot Dostert an dem Santos Julien.

De Roby Mangen huet de ganzen Tournoi mat vill Péng musse spillen a konnt seng 2. Plaz vun zejoert net bestätegen. Hie gëtt um Enn awer nach respektable 5ten ënner 16 Spiller.

RTL