Den DT Houwald verstäerkt sech fir déi nächst Saison mam montenegrineschen Nationalspiller Luka Bakic.

De 27 Joer ale Montenegriner soll déi nächst Saison an der 1. Ekipp vum DT Houwald agesat ginn, deemno géing hien de Cheng Xia ersetzen, deen aus beruffleche Grënn net méi esou vill Dëschtennis spille kann.

De Luka Bakic huet zanter 2013 a verschiddenen däitsche Veräiner gespillt. An der leschter Saison huet de Luka Bakic an der Oberliga fir de Veräin TTC Beendorf opgeschloen an huet an där Ekipp op der 2. Positioun 22 Matcher gewonnen a 7 verluer.