Am Volleyball organiséiert d'Lëtzebuerger Federatioun 4 Mol am Joer e Stage, fir jonke Sportler a Sportlerinnen de Beach Volleyball méi no ze bréngen.

De Responsable vun der Federatioun ass et wichteg, den Nowuess fir de Beach Volleyball mat Zäiten ze motivéieren an ze recrutéieren. Dofir organiséiert d'FLVB am Joer 4 Mol e Stage fir jonk Nowuessspiller, fir hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, éischt Experienzen ze sammelen.