Dëschtennis-Weltranglëscht
Sarah de Nutte an Ni Xia Lian weider op Plaz 16 am Dubbel

An der neister Dëschtennis-Weltranglëscht stinn d'Lëtzebuergerinnen Sarah de Nutte an Ni Xia Lian weider op der excellenter 16. Plaz.
An der Ekippe-Wäertung sinn d'Lëtzebuerger Dammen ëm eng Plaz geklommen a stinn elo op der Nummer 15, während d'Hären déi 48. sinn.
Am Eenzel gouf et bei den Dammen an den Hären nëmme liicht Verännerungen. D'Ni Xia Lian huet 2 Plaze verluer an ass elo d'Nummer 41 op der Welt. D'Sarah de Nutte ass ëm 4 Plazen op d'79 gefall. Den Eric Glod läit op der 176. Plaz an de Luka Mladenovic huet de Sprong an Top200 knapp verpasst an ass den 202..
Am meeschte gelies