An engems huet een mat dësem Tournoi d'Preparatioun op d'Jugend-EM a Rumänien lancéiert.

Fir d' 34. Kéier schonn huet d'FLTT en internationale Jugendchampionnat organiséiert. Och spéider Welt an Europameeschter konnte sech schonn an de Palmarès vun enger vun de Kategorien aschreiwen.

Equippen aus 6 verschiddene Länner sinn op Lëtzebuerg komm, fir sech an den 3 Kategorien Minimes, Cadets a Junior mateneen ze moossen. Fir FLTT ass dëse regelméissegen internationale Vergläich och schonn an den niddregen Altersklassen immens wichteg.