De Lëtzebuerger Volleyball-Nationalspiller Kamil Rychlicki wiesselt vun Noliko Maaseik bei Porto Robur Costa Ravenna an déi 1. italienesch Liga.

Den 21 Joer ale Volleyballspiller huet déi lescht zwee Joer fir Maaseik gespillt a konnt dëst Joer esouguer de Championstitel feieren. Elo wëll de jonke Lëtzebuerger ee weidere Schratt a senger nach jonker Karriär maachen a wiesselt dofir an ee vun de beschten europäesche Championnater. De Kamil Rychlicki ënnerschreift ee Kontrakt vun zwee Joer zu Ravenna an hofft seng Karriär hei weider kënnen unzedreiwen.